Klassik aktuell
Dirigent, Pianist, Komponist
Operettë wéi "Hopp Marjänn", "De Besuch um Wudderhaff", d'Kantat "Ons Heemecht", Sakralmusek, Märsch, Wierker fir Harmonieorchester - et gëtt kaum e Genre, an deem de Pierre Nimax net komponéiert hätt. An dat alles nieft senger Funktioun als Dirigent vun der Militärmusek tëschent 1971 an 1986. Och duerno, an der Pensioun, bleift de Pierre Nimax e musikalesche Péiter Onrou - komponéiert, arrangéiert, dirigéiert de Männerchouer 1989, deen hie selwer gegrënnt hat. De Pierre Nimax ass elo am Alter vun 90 Joer gestuerwen.