Klassik aktuell
Scriabine+
Wärend véier Deeg steet de Piano am Mëttelpunkt vun engem Festival am CAPE zu Ettelbréck. Mee net nëmmen de Piano, och e prominente Komponist deen de Repertoire vum Piano beräichert huet, soll hei zu Éiere kommen. Dëst Joer ass et den Alexander Scriabine, op dee sech de Programm fokusséiert. De Pianosfestival ass all zwee Joer an alternéiert mam Stëmmefestival "aCape'lla". An dëst Joer ass e vum 4. bis de 7. Februar 2021. De Manuel Ribeiro huet mam Direkter vum CAPE Ettelbréck, dem Carl Adalsteinsson, geschwat.