CD-Klassik
Time stands still
An der Renaissance ware Portugal an England grouss Muechten a Konkurrenten. Di zwee Länner stinn sech haut awer nees méi no, sief et am Handel, mee och a punkto Musek. Mam Disk "Time stands still" versicht de portugisesche Komponist Nuno Côrte-Real, Brécken ze bauen tëscht der Musek vun England aus der Renaissance mat Lidder vum John Dowland an neier Musek vun haut, déi de Côrte-Real selwer komponéiert huet. Op dës Iddi funktionéiert huet, verréit eis de Manuel Ribeiro am CD-Tipp.