arrow_back_ios
CD-Klassik
"Le Jardin féerique"
Orchesterwierker a Musek fir de Piano stinn dacks am Mëttelpunkt, wa vum Maurice Ravel rieds geet. Dobäi war e vu sengen éischte grousse Succèse säi Sträichquartett, deen natierlech op dësem neie Ravel-Disque net feelt. Et ass d'Intégrale vun engem Genre mat relativ wéinege Stécker, mee och hei weist sech de Ravel als brillante Moler vu Klangfaarwen.