CD-Klassik
D'Generatioun no Bartok a Kodaly
Zanter de Bela Bartok an den Zoltan Kodaly sech mat Notizblock a Grammophon opgemaach haten, Volleksmelodien ze sammelen, krut dëse Genre ee ganz anere Stellewert an der Musek. Déi oral Traditioun ass an Nouten, a Partituren transponéiert ginn, huet nei Klangfaarwen an d'Spill bruecht, ounst, datt d'Komponisten sech op simpel Imitatioun agelooss hunn. D'Beispill vu Kodaly a Bartok huet Schoul gemaach an och Komponisten wéi Farkas, Weiner, Frid, Kokai a Veress inspiréiert. Den Offenburg String Trio huet Wierker vun hinnen opgeholl.