Klassik aktuell
E Meeschterwierk vum Giacomo Puccini
An der Oper "La Bohème" liewen d'Protagonisten am 19. Joerhonnert a ganz äermleche Bedéngungen an enger Paräisser Mansarde. Nieft dem Moler Marcello an dem Dichter Rodolfo steet d'Figur vun der Mimi am Mëttelpunkt, déi am Laf vun der Geschicht stierweskrank gëtt. "La Bohème", eng Oper aus dem Verismo, hat bei der Première, den 1. Februar 1896 zu Turin, keen Erfolleg. De Manuel Ribeiro huet sech fir d'Genèse vum Puccini senger Oper interesséiert.