Klassik aktuell
Meeschter vun der Opera buffa
5 min
Den Italieener Domenico Cimarosa war e Meeschter aus der Virklassik. Jore virum Mozart huet hie fir d'Popularitéit vun der italieenescher Oper a ganz Europa gesuergt. Zemools seng Opere buffe waren immens beléift.
Nieft den Operen huet den Domenico Cimarosa awer och esou munches u Sakral- an Instrumentalmusek komponéiert. Den Domenico Cimarosa ass haut viru genee 220 Joer gestuerwen. De Manuel Ribeiro skizzéiert e Portrait.