CD-Klassik
Zwee emblematesch Wierker
Di 5. an di 9. si net just emblematesch Symphonien vum Beethoven. Hannert dëse Nummeren verstoppen sech och wichteg Symphonien vum Dmitri Shostakovich, déi wéi Zäitzeien aus dem 20. Joerhonnert wierken Di zwou Symphonien goufe just virum resp. nom Zweete Weltkrich komponéiert. Hannert dem gefuerderten Triumphalismus huet de Schostakowitsch ganz subtil seng Ironie vis-à-vis vum sowjetesche Regime zum Ausdrock bruecht. De Concerto Budapest, ënner der Direktioun vum András Keller, huet di zwou Symphonien ganz iwwerzeegend op Disk festgehalen, mengt de Manuel Ribeiro.