arrow_back_ios
CD-Klassik
Dräi Premièren op CD
Et kéint ee jo mengen, de Georg Philipp Telemann wier ee vun de Barockkomponisten, déi bis op déi lescht Nout studéiert goufen, vun deenen een net méi dacks mat neie Saachen iwwerrascht gëtt. Dat schéngt net de Fall ze sinn, wéi deen neien Disk vun L'Orfeo-Barockorchester ënnersträicht. D'Carin van Heerden dirigéiert dräi Suitten, déi wuel bekannt sinn, bis haut awer nach ni opgeholl goufen.