arrow_back_ios
CD-Klassik
Chopin: 4 Balladen & 4 Impromptus
Diske mat der Pianosmusek vum Frédéric Chopin ginn et der eng Onmass, an et freet ee sech, ob wierklech all Pianist dem Chopin seng Balladen an Impromptus ophuele soll. Am Fall vun der Anna Vinnitskaya, Gewënnerin vum Concours Reine Elisabeth 2007, ass dëst méi wéi nëmmen eng gutt Iddi, well hiren neien Disk ass net just exzellent geroden, mee kéint och Referenzcharakter hunn, mengt de Manuel Ribeiro.