CD-Klassik
Zwou Krichssymphonien
Déi 5. an déi 9. sinn net just emblematesch Symphonië vum Beethoven. Hanner dësen Nummere verstoppe sech och wichteg Symphonië vum Dmitri Schostakowitsch, déi wéi Zäitzeien aus dem 20. Joerhonnert wierken. Déi zwou Symphonië goufe just virum, resp. nom Zweete Weltkrich komponéiert. Hanner dem gefuerderten Triumphalismus huet de Schostakowitsch ganz subtil seng Ironie vis-à-vis vum sowjetesche Regimm zum Ausdrock bruecht. De Concerto Budapest, ënner der Direktioun vum András Keller, huet déi zwou Symphonië ganz iwwerzeegend op Disk festgehalen. Eisen CD vun der Woch