CD-Klassik
Staarke Brahms
Den Giancarlo Guerrero, de Chefdirigent vum Wroclaw Philharmonic, ass a Costa Rica opgewuess an huet e ganz anere Bléck op déi europäesch Musek an hir Geschicht. Dat gëllt och fir de Johannes Brahms, deen de Guerrero als e grousse Meeschter vun der Orchestratioun consideréiert an net vill vum Cliché vum Zweiwler hält, wéi hien am Booklet vun där neier Opnam vum Brahms senger éischter Symphonie erkläert. Mat deem anere Bléck interpretéieren den Giancarlo Guerrero an de Wroclaw Philharmonic dës Symphonie.