CD-Klassik
Transcriptions
Mat senge grousse sinfonesche Fresken "Feste romane", "Pini di Roma" a "Fontane di Roma" gehéiert den Ottorino Respighi zu de wichtegen Erneierer vun der italieenescher Instrumentalmusek um Enn vum 19. Joerhonnert. Déi réimesch Trilogie iwwerdeckt dacks eng aner Facette vum Respighi - säin Intressi fir d'Originne vun der Musek, de Bléck an d'Vergaangenheet mat "Antiche Danze ed Arie". Eng weider Facette vum Ottorino Respighi si seng Transkriptioune fir Orchester vu Musek vu Bach a Rachmaninov, déi den Orchestre philharmonique royal de Liège elo opgeholl huet.