Klassik aktuell
Protagonist vun der franséischer Symphonik
Iwwerdeems Frankräich am 19. Joerhonnert virun allem als d'Land vun der Grand Opéra ugesi gouf, huet sech eng ganz Generatioun vu Komponisten ëm déi sinfonesch Traditioun beméit. Ee vun de Protagoniste war de Vincent d'Indy, dee mat senger eegener Schola Cantorum zu Paräis de Schwéierpunkt op d'Instrumentalmusek geluecht huet. Den d'Indy selwer huet vill sinfonesch Musek komponéiert - dorënner "Jour d'été à la montagne". D'Uropféierung vun dëser Suite war den 18. Februar 1906 zu Paräis.