CD-Klassik
Charakterstécker
Als jonke Geiestudent sollt den Ingolf Turban bei engem Projet vu sengem Professer matmaachen, dee mat senge Studenten dem Henri Marteau seng 24 Capricë wollt ophuelen. Aus dem Projet ass näischt ginn. Antëschent ass den Ingolf Turban selwer scho laang Professer op der Musekshéichschoul zu München an huet d'Iddi vun deemools nees opgegraff a realiséiert. Dem Henri Marteau seng 24 Capricë gëtt et elo fir d'éischt iwwerhaapt op Disk.