CD-Klassik
Brachial, intensiv an ausbalancéiert
Brachial, intensiv an ausbalancéiert: Trotz dem staarke Charakter vum Dmitri Schostakowitsch senger Musek bleift d'Interpretatioun vum Orchestre de Chambre de Lausanne ënner der Direktioun vum Joshua Weilerstein natierlech. Op hirem neien Disk proposéieren d'Museker dem Schostakowitsch seng zwou Kammsersinfonien Opus 73a an 83a. De Luc Boentges huet an dësen CD eragelauschtert, op deem een den Dirigent net nëmmen indirekt héiert.