Panorama
Panorama
Zu Lëtzebuerg ginn elo och Leit ënner 65 Joer invitéiert, fir sech géint de Coronavirus impfen ze loossen, dat awer just mam Vaccin vun AstraZeneca
A Frankräich ass AstraZeneca Impfstoff och fir Leit iwwer 65 Joer zougelooss ginn
De Staatsministère geet net op d'Fuerderung vun der Personaldelegatioun vum Geheimdéngscht an, fir en ëmstriddene Gesetzesprojet zréckzezéien
D'Corona Infektiounszuele géife weltwäit nees klammen, sot de Chef vun der Weltgesondheetsorganisatioun, en Enn vun de Pandemie nach dëst Joer wär net realistesch
De COVAX Impfprogramm fir déi méi aarm Länner huet ugefaangen: An den afrikanesche Länner Ghana a Côte d'Ivoire goufen éischt Leit vum Gesondheetspersonal geimpft
Vun haut un mussen Awunner aus der franséischer Regioun Moselle e negative Corona-Test hu wann si an Däitschland reesen
Fir urgent Hëllef bei der humanitärer Kris am Jemen goufen op enger Donateurs-Konferenz vun der UNO ronn 1,7 Milliarden US Dollar versprach. Den UNO Generalsekretär Antiono Guterres an Hëllefsorganisatioune soen dat wier bei Wäitem net genuch