CD-Klassik
Tchaikovsky - Rachmaninov
Den Tchaikovsky an de Rachmaninov si bestëmmt mat deene präägendste Museker aus dem russesche Repertoire. Di 4. Sinfonie vum Tchaikovsky erënnert u Schicksalsschléi wärend den 2. Pianosconcerto vum Rachmaninov, eng duuss romantesch Stëmmung vermëttelt.
Dës zwee grouss Wierker hunn d'Stuttgarter Philharmoniker ënner der Direktioun vum Dan Ettinger op Disk erausbruecht. Solist um Piano ass den Alexander Korsantia.
De Manuel Ribeiro huet an dësen Disk bei Hänssler Classic eragelauschtert.