CD-Klassik
Mendelssohn a Bruckner
"Romantik pur: Tief empfundene Klangwelten stehen spielerischer und leichtfüssiger Virtuosität gegenüber." Esou gëtt den neien Disk vum Frielinghaus Ensembel um Internetsite vum Label KKE-Records beschriwwen. Um Programm stinn de Sträichquartett a Si bémol Mineur vum Felix Mendelssohn an de Sträichquintett a Fa Majeur vum Anton Bruckner. Och de Remy Franck ass vun der Déift an der Virtuositéit iwwerzeegt. Hien hieft doriwwer eraus nach ganz aner Aspekter ervir.