Panorama
Panorama
Och Lëtzebuerg suspendéiert d'Impfunge mam AstraZeneca Vaccin. Et wier eng Virsiichtsmoossnam, seet d'Santé. D'Weltgesondheetsorganisatioun seet: Et géif näischt op e Lien tëschent dësem Vaccin an Thrombosen hiweisen, an d'Länner sollten net ophale mat AstraZeneca ze impfen
Lëtzebuerg hätt d'Corona-Pandemie bis elo relativ gutt iwwerstanen, esou den Internationale Wärungsfong
Ee Joer laang Corona: Mir maachen den Etat des lieux no 12 Méint Corona-Pandemie zu Lëtzebuerg
An der Belsch ass haut den Optakt vum Klimaprozess. Iwwer 60.000 Bierger hunn d'Regierung ugeklot, well se net genuch géint d'Klimakris géif maachen
Finanzministere vun Euro-Zon-Länner hu sech derfir ausgeschwat, d'Wirtschaft an der Euro-Zon, trotz méi héije Scholden, weider an der Corona-Kris ze stäipen