Panorama
Panorama
Och Lëtzebuerg suspendéiert d'Impfunge mam AstraZeneca Vaccin. Et wier eng Virsiichtsmoossnam, seet d'Santé. D'Weltgesondheetsorganisatioun seet: Et géif näischt op e Lien tëschent dësem Vaccin an Thrombosen hiweisen, an d'Länner sollten net ophale mat AstraZeneca ze impfen
Lëtzebuerg hätt d'Corona-Pandemie bis elo relativ gutt iwwerstanen, esou den Internationale Wärungsfong
Ee Joer laang Corona: Mir maachen den Etat des lieux no 12 Méint Corona-Pandemie zu Lëtzebuerg
A Frankräich ass e Re-Confinement vun der Île-de-France an esou guer eventuell dem ganze Land méi probabel. Den Taux d'Incidence ass an der Île-de-France an an anere Regiounen nees op iwwer 400 pro Woch pro 100.000 Awunner geklommen
An der Belsch ass haut den Optakt vum Klimaprozess. Iwwer 60.000 Bierger hunn d'Regierung ugeklot, well se net genuch géint d'Klimakris géif maachen
Finanzministere vun Euro-Zon-Länner hu sech derfir ausgeschwat, d'Wirtschaft an der Euro-Zon, trotz méi héije Scholden, weider an der Corona-Kris ze stäipen