arrow_back_ios
CD-Klassik
Chiaroscuro Quartett spillt Haydn
De Joseph Haydn huet iwwer honnert Sinfonië komponéiert, 24 Operen, 14 Massen, Concertoen an eng helle Wull vu Kammermusek. Deementspriechend dacks steet den Haydn och op der Affiche vun neien CD-Produktiounen. Datt dëst keng Langweil bedeit, mee datt Haydn och ëmmer nach eng Entdeckung ka sinn, beweisen eng etlech Alben. Ënner anerem och dee leschte vum Chiaroscuro Quartett, mengt de Luc Boentges.