Klassik aktuell
Eng politesch Oper
D'Handlung vu "Simon Boccanegra" vum Giuseppe Verdi berout op historesch Evenementer am 14. Joerhonnert. Fir de Verdi war dat nees en ideale Stoff, fir och seng politesch Meenung iwwer en vereenten Italien ze manifestéieren. D'Première 1857 war allerdéngs net geroden, an eréischt de 24. Mäerz 1881, nodeems eng revidéiert Versioun vun der Oper gemaach gouf, huet "Simon Boccanegra" deen Erfolleg, deen nach haut undauert. De Manuel Ribeiro mat Detailer