CD-Klassik
Dramaturgesch duerchduecht
Datt dem Ignaz Paderewski seng eenzeg Symphonie "Polonia" grad a Polen nach ëmmer grouss Bedeitung huet, weist de Fait, datt et bannent zwee Joren zwou nei polnesch Produktioune vum Wierk gouf. Eng vum Chopin-Institut mam Royal Philharmonic Orchestra (2020) an elo en Disk bei DUX mam Lviv National Philharmonic Symphony Orchestra. Trotz villem historesche Bagage, ass dem Paderewski seng epesch Symphonie och nach Musek fir haut, wann een den neien Disk héieren huet.