CD-Klassik
Zombien, déi danzen an e Cowboy
Dat eent ass d'Geschicht vun engem Jong, dee seng Mamm veréiert an duerno als Outlaw am wëlle Weste vun Amerika lieft, an dat anert déi vun engem Zauberer, deen déi Doudeg nees zum Liewen erwächt.
"Billy the Kid" a "Grogh" sinn zwee ganz ënnerschiddlech Ballete vum Aaron Copland, déi den Detroit Symphony Orchestra ënner der Direktioun vum Leonard Slatkin op Disk erausbruecht huet. De Remy Franck huet an dës Produktioun eragelauschtert.