CD-Klassik
Zwee Wierker op ënnerschiddlechem Niveau
Rachmaninow an Tschaikowski stinn um Programm vun de Stuttgarter Philharmoniker hirem aktuellen Disk. Ënner der Direktioun vum Dan Ettinger an zesumme mam Pianist Alexander Korsantia interpretéiert den Orchester den zweete Concerto vum Sergei Rachmaninow an déi véiert Sinfonie vum Pjotr Iljitsch Tschaikowski. Och wa béid Wierker op engem gudde musikaleschen Niveau gespillt ginn, iwwerzeegt eent vu béide méi wéi dat anert, seet de Remy Franck.