Klassik aktuell
Een Universalist
An Zäite vu musikalescher Spezialiséierung a Segmentéierung kann ee sech kaum nach virstellen, datt et och Museker gouf, déi déi gesamt Klaviatur beherrscht hunn - vum Jazz iwwer de Musical, de Film bis bei déi symphonesch Musek. De Leonard Bernstein war esou ee Museker, grad wéi säi Landsmann André Previn. De Previn war een Universalist. Net fir näischt heescht en Documentaire iwwer de Pianist, Komponist an Dirigent: "A Bridge Between Two Worlds".