CD-Klassik
Electra
An der Suerg, datt déi däitsch Sprooch net déi néideg poetesch Kraaft als Operesprooch hätt, entwéckele Komponisten a Librettisten am 18. Joerhonnert an Däitschland een nei Genre: de Melodram. Den Text gëtt geschwat a mat passender Musek begleet an ënnerluecht. De W.A. Mozart war begeeschtert vun dëser neier Form vu Musekstheater an huet se jo och zum Deel a sengem Singspiel "Die Entführung aus dem Serail" selwer iwwerholl. Als eege Gattung hat de Melodram um Enn e kuerzt Liewe mat e puer schéine musikalesche Pärele wéi "Electra" vum Christian Cannabich, dat et elo op CD gëtt.