CD-Klassik
Symphonesch Musek aus Bulgarien
Dem Pancho Vladigerov seng Musek lieft gréisstendeels vun der bulgarescher Volleksmusek - de Grond, wisou de Komponist bis haut als de bedeitendste Museker vu sengem Land consideréiert gëtt. Dës Bedeitung ënnersträicht och eng Intégrale vum Vladigerov senger Musek op CD, déi de Label Capriccio geplangt huet - eng Vladigerov-Editioun mat 18 Disken. Nei eraus ass elo den Album mat de Geieconcerti.