CD-Klassik
Een neit Wierk
Zanter Joren ass den Dirigent Gerd Schaller mam Anton Bruckner senger Musek ënnerwee - ënnerwee bei eng Intégrale vun de Symphonien, déi fir den 200. Gebuertsdag vum Komponist am Joer 2024 soll fäerdeg sinn. Corona bedéngt paust dëse Projet, an de Gerd Schaller huet vun der Geleeënheet profitéiert, den Anton Bruckner op säin eegent Instrument zeréckzebréngen, op d'Uergel - mat enger Transkriptioun vun der 9. Symphonie. Entstanen ass e ganz eegent, neit Wierk.