Panorama
Panorama
An der Regioun Europa ass d'Zuel vun de Covid-19-Doudesfäll zanter dem Ufank vun der Pandemie op ronn eng Millioun geklommen, esou e Bilan vun Agence France Presse
De fënneften Impfzenter zu Lëtzebuerg ass zanter gëschter um Findel a Betrib. 9.000 Leit pro Woch sollen do kënne geimpft ginn
Brittesch Variant vum Coronavirus wier wuel méi ustiechend, mee net méi déidlech, esou Fuerscher an zwou Etüden, déi haut am Fachmagasinn The Lancet publizéiert ginn
A Frankräich ginn d'Salairë vun Infirmieren, Soignanten an anerem Gesondheetspersonal am Oktober nach emol gehéicht
Japan huet decidéiert, dat radioaktiivt Waasser aus der Atomzentral vu Fukushima, no enger Behandlung, an d'Mier lafen ze loossen
Joe Biden appelléiert un Demonstranten zu Minneapolis, no neie Protester wéinst dem Doud vun engem weideren Afroamerikaner bei engem Police-Asaz
De Konflikt an der Ukrain riskéiert weider ze eskaléieren, d'Ausseministere vun der EU an de G7 Staaten hunn u Russland appelléiert, seng international Verflichtungen ze respektéieren