CD-Klassik
Skurril a faszinant
Jo, zum Bach senger Zäit war et üblech Stécker un déi Besetzung unzepassen, déi engem zur Verfügung stoung. Instrumenter goufe getosch a Parituren adaptéiert. Dës Approche hunn den Cellist Julius Berger an de Komponist Andrei Pushkarev op d'Spëtzt gedriwwen, andeems si dem Johanns Sebastian Bach säi Concerto fir Cembalo a Sträichorchester fir Cello, Vibraphon a Marimba ëmgeschriwwen hunn. D'Resultat ass souwuel skurril, wéi och faszinant, mengt de Luc Boentges.