arrow_back_ios
CD-Klassik
Dem Brahms seng Klarinettesonaten
Fir dem Brahms seng Kammermusek an zemools seng Spéitwierker ze interpretéieren, soll ee vill Gedold a Rou opbréngen. Dem däitsche Meeschter seng Musek wierkt am Beschten, wann ee se ouni Hetz a mat vill Fangerspëtzegefill ugeet. Vill vum Brahms sengem Gemittszoustand um Enn vu sengem Liewe kënnt gutt zur Geltung um Disk mam Klarinettist Ron Selka an dem Pianist Aviram Reichert. Nieft den zwou Klarinettesonaten hunn sie och Beaarbechtungen vu de fënnef Lieder opus 105 vum däitsche Romantiker opgeholl. De Manuel Ribeiro huet den Disk gelauschtert.