Klassik aktuell
Goldbergvariatioune vun engem Ensembel, dee brennt
Véier Musekerinnen, déi drop brennen zesummen opzetrieden: dat ass d'Essenz vum Quatuor Ardeo (Ardeo: lat. fir "Ech brennen"). E Sonndeg, den 18. Abrëll proposéiert den Ensembel dem Johann Sebastian Bach seng bekannt "Goldbergvariatiounen" an enger Transkriptioun fir Sträichquartett zu Maarnech am Cube. De Luc Boentges huet mat der Braatschistin Yuko Hara iwwer dëse Programm geschwat.