CD-Klassik
Dem Mahler seng "Unvollendete"
Zanter dem Ludwig van Beethoven war déi 9. Symphonie fir vill Komponisten eng Zort magesch Grenz, heiansdo esouguer een Trauma. Schubert, Dvorak, Bruckner, Mahler - fir si war déi 9. Symphonie de Schlussstee vun hirem Wierk. Vum Gustav Mahler gëtt et awer nach zum Deel ganz elaboréiert Skizze vun enger 10. Symphonie, déi den Deryck Cooke 1976 vervollstännegt an ausgeschafft huet. Dës Fassung héiert een och nach haut am Concertssall. Wann et ëm CD-Opname vun de Mahler-Symphonië geet, ass dat allerdéngs anescht. Vill Dirigente consideréieren déi posthum 10. Symphonie vum Gustav Mahler net. Den Osmo Vänskä ass do eng Ausnam an huet d'Wierk elo am Kader vu senger Intégrale mam Minnesota Orchestra opgeholl.