arrow_back_ios
CD-Klassik
Subtil an ouni Pathos
1976 vervollstännegt den Deryck Cooke déi zum Deel ganz elaboréiert Skizze vum Gustav Mahler senger 10. Sinfonie. Dës Versioun a fënnef Sätz, déi ganz kloer vum Mahler senger Vue op den Doud markéiert sinn, interpretéiert de Minnesota Orchestra ënner der Direktioun vum Osmo Vänskä ganz subtil an ouni Pathos. De Guy Engels huet an dësen Disk eragelauschtert a presentéiert en als Klassik-CD vun der Woch.