arrow_back_ios
CD-Klassik
(re)creations
Ënner "(re)creations" ass eng Renaissance vu Stécker ze verstoen. Allerdéngs geet et net ëm vergiesse Partituren, mee ëm kuerz Wierker fir ënnerschiddlech Besetzungen, déi de Franz Liszt, de Serge Rachmaninov an den Ignaz Friedman fir de Piano transkribéiert hunn. Ënner engem neie Gewand kléngen dës kleng Pärelen wéi nei gebuer an erfrëschend, zemools an der Interpretatioun vun der Pianistin Zlata Chochieva.