CD-Klassik
Start mat Dvorak
Eng ganz Rëtsch Orchesteren huet et scho gemaach, elo huet och de Philharmoneschen Orchester vu Brünn säin hauseegene Label lancéiert. Programmatioun, Produktioun, Publikatioun a Promotioun: Den Orchester huet elo alles selwer an der Hand, ka Preparatioun op Concerten an CD-Produktiounen op eng ideal Manéier kombinéieren. Zu deenen éischte Verëffentlechunge gehéiert déi éischt Symphonie vum Antonin Dvorak, e Wierk, mat deem den Orchester eng besonnesch Bezéiung huet.