CD-Klassik
Opnamen, déi et wierklech derwäert sinn
Wien als Museker bei der Westdeutschen Sinfonia wëllt matmaachen, muss sech Congé bei sengem Hausorchester huelen. D'Westdeutsche Sinfonia ass kee festen Ensembel, awer ee Projet, de spannend genuch ass fir ëm Zäit ze afferen - virun allem, wann et ëm d'Symphonië vum Ludwig van Beethoven geet. De Pianist an Dirigent Dirk Joeres hat d'Chance, den Orchester d'lescht Joer just virum Lockdown zesummen ze hunn, an d'Symphonien Nummer 5 an Nummer 7 opzehuelen.