Klassik aktuell
Noklang
0 min
De 26. März 1827 stierft de Ludwig van Beethoven zu Wien. Et huet net laang gedauert, dunn ass et lassgaange mat der Heroiséierung, der Mythiséierung vum Komponist. D'Beethoven-Fuerschung huet dëse Kult ausgebremst, de Meeschter vu Bonn wëssenschaftlech ënner d'Lupp geholl. Och haut nach ass de Ludwig van Beethoven omnipresent: Concertssäll, Stroossen a Plazen hu säin Numm, seng Musek gëtt ëmmer an ëmmer erëm nei enregistréiert, an och déi sozial Medien hunn de Phenomeen Beethoven längst fir sech entdeckt.