CD-Klassik
E gelongent Klangexperiment
Den Genny Basso interpretéiert op sengem neien Album Wierker vum Frédéric Chopin, Wolfgang Amadeus Mozart a Mario Castelnuovo-Tedesco. Wärend déi éischt béid Komponiste relativ heefeg op Sortie vu Pianiste vertruede sinn, sinn dem Castelnuovo-Tedesco seng Wierker scho méi seelen ze héieren. Trotzdeem sinn d'Stécker vum Mozart a Chopin wäit ewech vum "Standard", mengt de Luc Boentges. Hien huet an dësen Album mat sengem ganz besonnesche Klangkonzept era gelauschtert.