CD-Klassik
Keng Touristemusek
D'Pianistin Emmanuelle Moriat schéngt e Faible fir déi ungaresch Musek ze hunn. Nodeems si sech op engem Disk mat Wierker vum Ernö von Dohnanyi a vum Miklos Rosza beschäftegt hat, sinn et elo ungaresch Dänz vu Leo Weiner, Zoltan Kodaly a Ferenc Farkas. "La pianiste, qui s'est faite une spécialité de ce répertoire original, donne toute la couleur et le caractère qu'il requiert", houscht et an der Press iwwer hiren Debut-Album. An och dës Kéier fënnt d'Emmanuelle Moriat de richtegen Toun. Wat een hei héiert, ass alles anescht wéi Musek, mat där ee just Touristen an Ungarn lackelt.