CD-Klassik
Zweemol Kozeluch
Den Numm Kozeluch ass an der Musek haut net méi esou geleefeg. De Leopold Kozeluch, deen zu senge Liefzäiten och als Pedagog ënnerwee war, ass haut nach wéinst senge Léierbicher bei de Pianiste bekannt. Déi béid Cousinë Jan Antonin a Leopold Kozeluch hunn eis e beandrockende Repertoire hannerlooss. Zwee Fagotteconcerti, en Hautboisconcerto an eng Symphonie goufen op engem Disk vun der Camerata Rousseau an Italie festgehalen. Déi meescht Opname si Weltpremièren. De Manuel Ribeiro huet sech den Disk ugelauschtert.