arrow_back_ios
CD-Klassik
"Music as Living Consciousness"
No Jore vun Abstinenz um CD-Marché ass de russesche Pianist Andrei Gavrilov, deen antëschent an der Schwäiz lieft, nees do. An enger neier Serie mam Titel "Music as Living Consciousness" probéiert de Kënschtler seng definitiv Vue op Wierker erëmzeginn, déi hien a senger musikalescher Karriär ëmmer nees begleet hunn. Den Ufank maachen zwou Kompositioune vum Robert Schumann a "Bilder einer Ausstellung" vum Modest Mussorgsky.