arrow_back_ios
CD-Klassik
En Debut mat vill Variatioun
Op sengem aktuellen Disk "Gods, Rhythms, Human" proposéiert de Perkussionist Fabian Ziegler e Mix vun traditionellen Instrumenter mat digitale Kläng. Niewent dem Quartett fir zwee Vibraphonen an zwee Pianoe vum Steve Reich an dem Iannis Xenakis sengem Wierk "Psappha", interpretéiert de Perkussionist och Stécker vum John Psathas a vum Bruce Hamilton.