Panorama
Panorama
Op den Intensiv-Statioune leien elo méi jonk Leit, ëm déi 50 Joer. Ee Grond dofir wieren d'Virus-Varianten, déi fir Leit an deem Alter méi geféierlech wieren, esou den Dr. Jean Reuter de Moien op eiser Antenn
Déi sektoriell Klimaziler zu Lëtzebuerg sinn nach ëmmer net decidéiert. Déi blo-rout-gréng Regierungskoalitioun ass sech nach net eens
Zéngdausende Leit hunn a Frankräich nees fir eng méi ambitiéis Klimapolitik manifestéiert
Den däitsche Finanzminister Olaf Scholz gouf als Kanzlerkandidat bei der SPD confirméiert. D'sozial Gerechtegkeet steet am Mëttelpunkt vu sengem politesche Programm
Um Europadag gëschter gouf zu Stroossbuerg d'Konferenz iwwer d'Zukunft vun der EU lancéiert. D'Bierger solle méi mat agebonne ginn
Schottesch Regierungscheffin Nicola Sturgeon rifft no Walvictoire de brittesche Premier Boris Johnson op, en Onofhängegkeets-Referendum a Schottland zouzeloossen
Zu Kabul ass nees eng Bomm explodéiert, op d'mannst 11 Mënsche koumen ëm d'Liewen
F91 Diddeleng neien Tabelleleader am nationale Fussball Championnat