Panorama
Panorama
14 min
Lëtzebuerg huet Amazon keng Steier-Avantagen accordéiert, mat deem Urteel huet den Europäesche Geriichtshaff d'Decisioun vun der EU-Kommissioun gekippt. Am Fall Engie awer kritt Bréissel Recht, Lëtzebuerg muss 120 Milliounen Euro Steieren vun Engie zeréckfroen
Vun haut u kënne Schnelltester a verschiddenen Apdikte gemaach ginn, vun e Méindeg un dann an allen Apdikten, déi matmaachen
De Felix Braz wéilt seng Demissioun als Minister um Geriicht annuléiere loossen, dat mellt RTL
Méiglecherweis nees e Wollef zu Lëtzebuerg nogewisen, am Raum Wëntger
E Mann gouf bei engem Aarbechtsaccident zu Wecker schwéier verwonnt
Déi neiste Wirtschaftsprognos vun der EU-Kommissioun fält méi positiv aus, wéi erwaart: bis Enn 2022 wier Ekonomie an alle 27 Memberlänner nees um Niveau vu virun der Kris
Éisträichesch Justiz enquêtéiert géint de Kanzler Kurz wéinst méigleche Falschaussoe virun der Enquêtëkommissioun an der Ibiza-Affär
Winfried Kretschmann als Ministerpresident vu Baden-Württemberg zeréckgewielt
D'UNO warnt virun engem neie Krich am Noen Osten