arrow_back_ios
CD-Klassik
Experiment gelongen
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow
Bach a Cor - passt dat iergendwéi zesummen? De Cornist Radek Baborak schéngt selwer dorunner gezweiwelt ze hunn a schreift am Booklet vu sengem neien Disk zesumme mat de Berliner Barocksoliste vun engem Experiment. Natierlech huet de Bach a senge Kompositioune fréi Variante vum Cor gebraucht, mee ni Concerti fir d'Instrument geschriwwen. De Radek Baborak huet deementspriechend Concerti fir Sträicher adaptéiert, a säin Experiment ass méi wéi gelongen.