arrow_back_ios
CD-Klassik
Assoluta
Dacks ginn et Begrëffer fir Sänger oder Sängerinnen, déi ganz bestëmmt Eegenschaften beschreiwen, wéi z.B. "Assoluta" - wat jo d'Etiquette vun der Maria Callas war. D'Mezzosopranistin Béatrice Uria-Monzon huet op hirem aktuellen Disk italienesch Arien opgeholl, déi laang Zäit nëmmen ganz gewësse Sängerinnen mat besonneschem Stëmmtimber interpretéiere konnten: Wierker vum Francesco Cilea, Pietro Mascagni, Giuseppe Verdi, Giacomo Puccini... De Manuel Ribeiro huet den Disk gelauschtert.