Musikalescht Wonnerkand, acclaméierte Komponist, Organist an Dirigent, Grënner vun der Société nationale de Musique: De Camille Saint-Saëns war eng vun de markante musikalesche Figuren am Iwwergang vum 19. an 20. Joerhonnert. Säi Wierkkatalog ass enorm. An awer gëtt de franséische Museker dacks op e puer Stécker reduzéiert: de Carnaval des animaux, seng Pianosconcerti a seng populär 3. Symphonie, där hiert Haaptthema et esouguer an de Film "Ein Schweinchen namens Babe" gepackt huet. D'Uropféierung vun der Symphonie war den 19. Mee 1886 zu London.
"Dat geréit mir keng zweete Kéier"
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow